top of page
Flag EN png.png
Flag DE.jpg
Flag FRa.jpg

Clickt hei

Direkt Demokratie;

Ee gerechte Finanz-System;

Eng gerecht Wirtschaft

Bierger fir Bierger ass eng Beweegung, där hiert Ziel et ass, e méi gerechte politeschen, sozialen a wirtschaftleche System ze erreechen. Et soll sech global ausdeenen, well et net méiglech ass, ons Iddie just an engem Land ëmzesetzen.

Ënnert dem Punkt "Basis Iddi​" ginn déi eenzel Haapt Schrëtt erkläert.

D’Politiker sollen dat maache wat d’Majoritéit vun de Bierger wëll. Leider ass de politesche System awer esou opgebaut, dass dat ni de Fall ass. E Mol gewielt, kënnen d'Politiker 5 Joer maache wat se wëllen, kaschten den Steierzueler enorm vill Geld, och wann se a Pensioun sinn, a kënnen an där Zäit vu 5 Joer vill Schued uriichten.

Et ginn ëmmer di selwecht gutt zerwéiert, a fir di meeschte Bierger bleiwe just e puer Grimmele iwwreg. Lues a lues fält alles zesummen. De Sozial System, de Finanz a Wirtschaft s System, d’Bildung, Renten an d’Gesondheet s Wiesen. Esou ass et an anere Länner, an et kënnt och bei ons.

 

Dat kann awer verhënnert ginn, well mam technologesche Fortschrëtt hu mir haut d’Méiglechkeeten alleguer vill méi Afloss op d’Politik ze huelen. Eegeverantwortung an Transparenz. Mir mussen de Wiessel zu engem besseren a moderne System woen, an ons endlech d’Muecht vun enger absoluter Minoritéit zeréck huelen.

Bierger fir Bierger wëlle vu Kengem Geld, oder eng gutt bezuelte Positioun an der Politik oder soss enger Organisatioun.

Bierger fir Bierger wëllen hir Iddie verbreeden, esou wéi eng "modern direkt Demokratie", an erausfanne wéi vill Leit sech mat deenen Iddien identifizéiere kënnen, fir dann all zesummen eng méi gerecht a besser Zukunft fir ons all ze schafen.

Ons ass absolut bewosst, dass dat wat hei beschriwwen ass, just eng Basis duerstellt, an d'Detailer nach ausgeschafft musse ginn. Dëst soll awer an Zesummenaarbecht mat allen hëllefsbereete Bierger, an a voller Transparenz gemaach ginn. Wann d'Majoritéit Dëst net wëll, brauche mir ons och net di Aarbecht ze maachen, alles am detail auszeschafen.

Basis Iddi

E globale Plang fir d’Verbesserung an d’Stabiliséierung vun der sozialer, politescher a finanzieller Situatioun, fir ee gerechte System am Zesummeliewe vun de Mënschen erbäi ze féieren.

(Et muss gewosst sinn, dass all hei beschriwwe Virschléi méi oder wéineger vuneneen ofhängeg sinn.)

Déi grouss, noutwenneg Schrëtt:

 

  1. Referendum fir direkt Demokratie, esou wéi se an hei beschriwwen ass.
     

  2. Aféiere vun der direkter Demokratie.
     

  3. Steier System änneren. Finanz Transaktioun s Steier aféieren
     

  4. Bedéngungslost Grondakommes.  Firwat?  Wéi?
     

  5. En neie Geld System, kompatibel mat der Finanz Transaktioun s Steier aféieren.

Eng Finanztransktiounssteier ass eng Steier, déi op all Geldfloss erhuewe gëtt, sief dat Cash oder Banktransfär.

Am Detail:

  1. Digital Direkt Demokratie
    A) Referendum:

Demokratie muss op klengstem Niveau ugoen.
De Wiessel vum politesche System, wéi en d’Aféierung vun enger moderner direkter Demokratie mat sech bréngt, muss vun alle wielberechtegte Bierger mat entscheet kënne ginn.

Wien sech net bedeelege wëll, soll dat och net mussen.
Aus deem Grond muss e Referendum organiséiert ginn, fir de Bierger ze froen, op en direkt Demokratie an der hei beschriwwener Form wëll.
Mir mussen esou e Referendum, iwwert de Wee vun enger Petitioun, vun der Regierung fuerderen.

      B) Digital direkt Demokratie:

Den technologesche Fortschrëtt erméiglecht et all wielberechtegtem Bierger, sech konstant un alle politeschen Entscheedungen ze bedeelegen, an dat ouni grousse finanziellen Opwand.

De System wier folgenden:

All Bierger, oder Grupp vu Bierger, kann e Gesetzesprojet ausschaffen, deen da vun engem Grupp vun spezialiséierten, onofhängegen Affekote kontrolléiert gëtt. Se ginn direkt op där fir dës Zwecker geschafener, héchst ofgesécherter digitaler Online-Plattform, wou sech all wielberechtegte Bierger kann aloggen, de Gesetzesprojet liesen, e pro oder kontra Argument schreiwen, Verbesserung s Virschléi maache kann, fir dann, nodeem d’Zäit fir ze argumentéieren ofgelaf ass, mat JO oder NEE ze stëmmen, publizéiert, woubäi se fir d’éischt de Status “net kontrolléiert”, an no der Kontroll vun de beoptragten Affekoten, de Status “kontrolléiert kréien.

Déi digital Plattform muss fir de Bierger vum Handy, Tablet oder PC, vun egal wou aus iwwert den Internet zougänglech sinn. Och sollen an ëffentlechen, staatlechen a Gemengegebaier speziell fir dësen Zweck Computer fir d’Bierger zur Verfügung stoen.

All Bierger seng Zäit, fir déi nogewise ka ginn, dass se fir produktiv a fir d‘Allgemengheet nëtzlech politesch Aarbecht investéiert gouf, soll aus der Staat s Keess entlount ginn. Och soll dës Zäit als Schaffzäit gezielt ginn, esou wéi wann een eng zweet Aarbecht s Plaz hätt, wat en Afloss op den Zäitpunkt vum Iwwergang an d’Pensioun huet, wat allerdéngs vum Pensioun s System ofhänkt, deen de Moment vun der Aféierung vun dëser Form vun direkter Demokratie besteet.

 

       C) D’Aféieren vun der direkter Demokratie

D’Aféieren vun der direkter Demokratie, an der beschriwwener Form, ass un d’Ännerung vum politesche System, an d’Ännerung vun der Verfassung gebonnen. Politiker a Parteien, Parteie Finanzéierung, an déi mat Parteipoliteschen Aktivitéite verbonnener Geldverschwendung, an deem Styl wéi mir se haut hunn, wieren dann obsolete, well all Bierger sech, esou vill e wéilt, politesch kéint engagéieren, an dann och dofir géif entlount ginn. An de Ministèren, déi fir de Bierger 100% transparent musse sinn, wieren da just nach kompetent Leit fir d’Ëmsetzung vun de Gesetzer beschäftegt. Liest méi iwwert déi digital direkt Demokratie
 

 

   2. Ännerung vum Steiersystem

Onse Steier System ass an héchstem Mooss ongerecht, liicht ze manipuléieren, a kann an dierf fir d’Zukunft net erhale ginn. Et ass zum Beispill absolut net logesch dass e Grond- oder Wunneng s Besëtzer Grondsteier bezuele muss. Genau esou irrational ass et vun engem Hond s Besëtzer Steiere fir de Besëtz vun engem Hond ze fuerderen. Eng Finanz Transaktioun s Steier géif dee Problem léisen. Esou kéint a sollt een all aner Steieren ofschafen, an d’Staat s Keese wiere méi voll ewéi jee. D’Modalitéite fir esou eng Finanz Transaktioun s Steier mussen natierlech direkt-demokratesch geregelt ginn.

 

 

   3. Bedéngungslost Grondakommes:

Firwat?

Duerch den Technologesche Fortschrëtt, Robotik an Informatik, ass e bedéngungslost Grondakommes fir dat weidert Bestoen, d’Vereinfachung an d’gerecht maache vum soziale System, déi eenzeg Alternativ. An deenen nächsten 10 Joer wäerten esou vill gutt a manner gutt bezuelten Aarbecht s Plazen ewech falen, dass mir d’Aarbechtslosegkeet mam aktuelle System net méi meeschter wäerte ginn. Fir déi positiv Auswierkungen ze maximéieren, muss jiddereen et kréien. Esou ka kee soen, et géife just di Faul et kréien, déi net schaffe wëllen. Och am aktuelle System kréien déi, di net schaffe wëllen, et hin, vum Staat Geld ze kréien fir ze iwwerliewen.

 

 

Ëmsetzung vum bedéngungslose Grondakommes:

E bedéngungslost Grondakommes muss dem Bierger seng Grondbedierfnesser ofdecken, d.h. et muss esou héich sinn, dass de Bierger wunnen, gesond iessen an drénke kann, an sech (ofhängeg vum Krankeversuergung s System), falls néideg, medizinesch kënne versuerge loossen. All Mënsch géif et vu Gebuert u kréien, an et géif sech bis zum Alter vum Enn vun der Schoul Flich, bis op de maximale fixe Betrag, erhéigen. D’Finanz Transaktion s Steier (Punkt 3) kéint, falls néideg, nach liicht ugehuewe ginn, wann sech eraus stellt, dass de festgesate %-Saz net duer geet fir all Ausgaben vum Staat, déi zu deem Zäitpunkt jo direkt-demokratesch vum Vollek kontrolléiert ginn, net gedeckt sinn.

 

   4. Neie Geld System

 

Firwat?

  1. Den aktuelle Geld System leit faktesch a privater Hand, an ass en absolut ondemokrateschen, ongerechten an ausbeuteresche System. De gréissten Deel vun de Banke weltwäit, inklusiv Zentralbanken, ass a privater Hand. Si däerfen neit Geld schafen, andeem si Geld verléinen, wat zum gréissten Deel virdrun guert net existéiert huet. Op esou einfach Aart a Weis kënne Banke sech beräicheren, an droen dozou bäi, dass di Währungen, vun deenen si konstant méi u Quantitéit erschaffen, ëmmer manner wäert sinn. Dës weideren ass et fir ons Gesellschaft fatal, dass eng kleng Grupp vu Leit, op esou eng kriminell Aart a Weis, ultra räich gëtt, an dee Räichtem fir weider kriminell Aktivitéiten asetzt.

  2. Banken a Regierunge plangen d’Ofschafung vum Borgeld.
    Mam aktuelle Geld System gëtt dat zum grousse Problem fir d’Bierger, well d’Leit da keng aner Méiglechkeet méi hunn, wéi hiert Geld op der Bank ze loossen, oder et auszeginn.
    Et ass een de Banken an dem Staat da ganz ausgeliwwert, oder gezwongen, säi Geld a Gold oder anerem héichwäertegem Besëtz unzeleeën.

 

Dofir ass d’Aféiere vun engem neien, transparenten an dezentraliséierte Geld System, deen net vun enger eenzeger Instanz kontrolléiert gëtt, onëmgänglech, wa mir ons finanziell Fräiheet behale wëllen. Geld soll just deen Zweck erfëllen, fir deen et offiziell erfonnt gouf, an zwar di vereinfacht Aart a Weis Wueren a Servicer ze bezuelen. Geld däerf keng Spekulatioun s Wuer sinn, wat an der Vergaangenheet ganz Staten erpressbar gemaach huet.

E gutt Beispill fir esou e Geld System sinn, zënter der Schafung vum Bitcoin, d’Krypto Währungen.

Och d’Modalitéite vun dëser Moossnam mussen direkt-demokratesch vum Vollek entscheet ginn, wat mat der Aféierung vun der direkter Demokratie automatesch géif geschéien.

Digital direkt Demokratie

Einfach, modern a gerecht

Variant 1

All wielberechtegte Bierger kritt dat Recht...

  • Gesetzesvirschléi anzereechen déi, genau wéi d’PRO & KONTRA Argumentatiounen vun alle Bierger online gelies kënne ginn.

  • bei all Entscheedung mat ofzestëmmen, per App um Handy oder Tablet, iwwert de PC oder iwwert en ëffentlech zougänglechen Terminal an de Gebaier vun den Administratiounen.

 

 

De Volleksvertrieder, wéi mir en haut kennen, gëtt net méi gebraucht.

D’Parlamenter gi just nach fir ëffentlech Debatten iwwer spezifesch Themen gebraucht, déi all live iwwert déi speziell online Plattform iwwerdroen, opgeholl a gespäichert ginn, fir vum Bierger zu engem spéideren Zäitpunkt gekuckt kënne ze ginn. (Esou wéi haut Chamber TV)

 

 

De politeschen Engagement vun all berechtegtem Bierger soll, wann et nogewise ka ginn,

  • aus de Staatskeesen bezuelt ginn, an, ofhängeg vum Rentesystem,  als Aarbecht s Zäit unerkannt ginn.
    oder

  • dem Iwwerstonne Konto beim Employeur, deen ugemiesse vum Staat entschiedegt gëtt, addéiert ginn.

 

 

All politeschen Engagement, deen nozeweisen ass, gëtt gläichermoosse vum Staat entlount. D’Zäit, déi fir politeschen Engagement vum Bierger geopfert gouf, muss a sengem online Konto festgehale ginn, a vun deem Bierger zu all Moment kënnen nogekuckt ginn. De Bierger ka selwer entscheeden wéivill vun sengem politeschen Engagement hien sech ausbezuele wëll loossen, a wéi vill hien als Iwwerstonnen beim Employeur guttgeschriwwe kritt. Et wäert en zäitleche Quantum u politeschem Engagement festgeluecht ginn, ab deem de Bierger kenger bezuelter Vollzäit Beschäftegung méi nogoe kann, a wou dann déi zousätzlech geopfert Zäit fir politeschen Engagement méi héich bezuelt gëtt. Allerdéngs muss dee Bierger beleeë kënnen, dass hien kee weidert Akommes huet, an eng reduzéiert Aarbechtszäit op senger regulärer Aarbechtsplaz net méiglech ass. Fir dass op der online Plattform net den Uz gedriwwe ka ginn, wäert de System déi reell Aktivitéiten vum Bierger a sengem Konto späicheren, an him no Schléisse vun der online Sessioun op digitalem Wee en detailléierte Bericht iwwermëttelen. Just de Bierger selwer wäert Zougrëff op seng eegen Daten hunn. Dës online Plattform muss maximal ofgeséchert sinn, a just mat 3-fach Authentifizéierung (Benotzer Numm, Passwuert, Handy Code oder LuxTrust Token) zougänglech sinn. De System soll op der Blockchain opgebaut sinn. 

 

Wat sinn d’Folgen vun dëser Variant?

  • Vu dass d’Integralitéit vum wielberechtegte Vollek (mir nennen et de Moment nach esou) d’Muecht iwwert all Entscheedungen huet, an net méi eng kleng Grupp vu Vertrieder, ass et extrem schwiereg fir eenzel extern Instanzen direkten Afloss op d’Entscheedungen ze huelen.

  • Déi héich Politiker Paien, genau ewéi Parteie Finanzéierung an d’Verschwenede vu Gelder fir Walkämpf gehéieren der Vergaangenheet un.

  • Politesch Parteien am konventionelle Sënn wäert et net méi ginn, wouduerch kee méi gezwongen ass, sech enger bestëmmter Grupp unzeschléissen, an där Grupp hir ganz Philosophie mat ze droen.

  • Et wäert all wielberechtegtem Bierger méiglech sinn, sech just mat politeschem Engagement ze beschäftegen.

 

Fir aussepolitesch Ugeleeënheete muss fir all Optrag e kompetente Bierger gewielt a beoptraagt ginn. Ab deem Zäitpunkt, wou di aner Länner dës Form vun der direkter Demokratie iwwerholl hunn, wäerten och Ausland s Reesen ofgeschaf ginn, well ab deem Moment Alles iwwert d’online Plattforme geregelt wäert ginn.

Variant 2

All wielberechtegte Bierger soll dat Recht hunn…

  • Gesetzesvirschléi anzereechen, PRO a KONTRA Argumentatiounen, déi vun alle Bierger online agesi kënne ginn, ze schreiwen an ze verëffentlechen.

  • bei all aktuell Entscheedung mat ofzestëmmen, per App um Handy oder Tablet, iwwert de PC doheem, oder iwwert en ëffentlech zougänglechen Terminal an de Gebaier vun den Administratiounen.

 

D‘Vollek muss wéinstens 50% vun der Entscheedung s Muecht hunn. E politesche System, bei dem d’Bierger nëmmen entscheeden dierfe wien an d’Parlament komme „SOLL“, an da guer keen Afloss méi op d’Entscheedungen huet, ass keng Demokratie, mee eng Diktatur.

 

 

All politeschen Engagement deen nozeweisen ass, soll gläicher moossen belount ginn. D’Zäit, déi fir politisch Engagementer vum Bierger geopfert gëtt, muss a sengem online Konto festgehale ginn a vun dësem Bierger zu all Moment agesi kënne ginn.

 

Fir dass kee Larri Farri ka gedriwwe ginn, soll dëse System di reell Aktivitéite vum Bierger op der online Plattform späischeren, an dësem Bierger och all Aktivitéite bei all Ofschloss vun enger Sëtzung op digitalem Wee matdeelen. Just den Bierger selwer soll seng Daten kënne gesinn.

 

Dës Plattform muss maximal ofgeséchert an dierf nëmmen mat 3-fach Authentifizéierung (Benotzernumm, Passwuert, an Handy Code oder Luxtrust Token) zougänglech sinn.

Das System sollte auf der Blockchain aufgebaut sein.

 

 

D‘Auswierkunge vun dëser Variant:

  • Vu dass dat ganzt wielberechtegte Vollek wéinstens 50% vun der Muecht iwwert all Entscheedungen huet, an net méi nëmmen eng kleng Zuel vu Volleksvertrieder, gëtt et vill méi schwéier fir Leit vu Baussen, Afloss op di politesch Entscheedungen ze huelen.

  • De Bierger ass erëm konstant an d’Politik agebonne wann en dat wëll.

  • De Bierger ka Gesetzesvirschléi maache wann en dat wëll.

Onsen aktuelle politesche System

Wat ënnerscheet de Mënsch vum Déier?

 

Wann een sech d’Äerd a seng Bewunner ukuckt, stellt e fest, dass all Liewewiesen eng gewëssen Intelligenz an Instinkter hunn. Wat den IQ méi grouss ass, wat d’Instinkter méi schwach sinn.

Den Ënnerscheet Mënsch/Déier ka just duerch dem Mënsch seng iwwerméisseg Intelligenz am Verglach zu där vun den Déiere gemaach ginn. Biologesch ënnerscheede mir ons net dramatesch vun deenen anere Säugetiere.

En Déier, dat aner Déieren ësst, mécht sech doriwwer keng Gedanken. Eng gewëssen Zuel u Mënsche hunn awer ethesch e Problem domat aner Liewewiesen z’iessen. Firwat? Empathie!

 

Wat ass Empathie?

Wikipedia schwätzt vun Empathie vum Mënsch fir aner Mënschen. Et ass awer Fakt, dass och Déieren Empathie fir Mënschen emfanne kënnen, an ëmgedréint. Trotzdem maachen sech Déiere keng Gedanken doriwwer, wann se aner Déieren iessen. Si handelen instinktiv. Si handelen esou wéi si et vun hiren Elteren, oder hiren Aart-Genosse geléiert hunn. Och dat ass bei ville Mënschen anescht. Ons Intelligenz erméiglecht et ons, dat wat mir vun onsen Elteren a Matmënsche geléiert hunn, opgrond vun engem bestëmmten Erliefnes a Fro ze stellen, an ons eegen Handlungsweis ze entwéckelen. Aus deem Grond gëtt et haut vill Veganer a Vegetarier. De Mënsch weess dass ë keen Déier muss iessen fir ze iwwerliewen.

 

Wéi gesäit dat aus ethescher Siicht aus? Et gëtt verschidde Grënn, firwat Mënsche Vegetarier oder Veganer sinn. Et resultéiert net nëmmen aus der Erkenntnes, dass mir keng Déieren iesse MUSSEN. Zemools di aktuell Aart a Weis, wéi mir Déiere fir ons Ernierung halen, hu vill Mënschen dozou bruecht, kee Fleesch (oder aner Deeler vun engem Déier) méi z’iessen, oder de Konsum vu Fleesch massiv anzeschränken. Hei spillt d’Empathie, also d’Matgefill fir déi betraffen Déieren, eng Roll.

 

Wat ënnerscheet de Mënsch nach vum Déier?

Spontan fält mir do ons präzis Kommunikatioun an. Allerdéngs ass net all Mënsch zu präziser, verständlecher Kommunikatioun fäeg, wat oft de Grond fir Mëssverständnesser a Sträit ass.

Natierlech hänkt e positiivt Resultat bei der Kommunikatioun tëschent 2 Mënschen och dovunner of, wat den eenzele Mënsch wëll. Wëllen déi zwee net dat sälwecht, stellt sech di Fro: Ass dat eent richteg oder dat anert, a vu wat hänkt dat of? Gëtt et just e Richteg an e Falsch, oder ass dat vu Sujet zu Sujet anescht? Bsp.: E Raum, 2 Mënschen, Temperatur 20°C. Deem engen ass et ze warm, oder deem aneren ze kal. Wier et da méi richteg dass et just fir e vun deenen 2 gutt ass, oder dass d’Temperatur esou agestallt gëtt, dass béid Persounen gläichermoossen (on)zefridde sinn? Natierlech wier d’Situatioun erëm anescht, wann 3 Leit am Raum wieren. Och iwwert esou Saache maachen sech Déiere keng Gedanken. Eng grouss Zuel Mënschen allerdéngs och net.

 

An enger moderner Gesellschaft leet de Staat d’Reegele a Form vu Gesetzer fest, no deenen sech all Mënsche riichte sollen, a leet Strofe fest, fir de Fall dass e Mënsch sech net un d’Gesetzer hält. De Staat huet also d’Muecht, dem Rescht vun der Gesellschaft hir Opfaassung vu Richteg oder Falsch op ze zwéngen.

 

Dat ass eng grouss Verantwortung, a kann, am Fall vu Mëssbrauch vun där Verantwortung, oder einfach nëmme falschen Iwwerleeungen, désastréis Konsequenze no sech zéien.

 

Firwat ass also onse politeschen a gesellschaftleche System esou, dass mir enger klenger Zuel Mënschen esou vill Verantwortung, oder besser gesot, Muecht ginn?

Ass et villäicht esou, dass mir d’Verantwortung net wëllen, an et ons besser gefält e Sënnebock ze hunn, dee mir, wann et sech erausstellt dass Feeler gemaach goufen, ukloe kënnen, wann och just op ethescher Basis? Si mir ze bequem fir selwer Verantwortung ze iwwerhuelen?

Wa mir dat wéilten änneren, wéi schwiereg wier dat?

 

De Grondprinzip vun der Demokratie ass, dass dem Wëlle vun der Majoritéit Rechnung gedroe gëtt. Et gëtt vill Länner, déi offiziell als Demokratie gefouert ginn. Wann een dat allerdéngs analyséiert, muss e feststellen, dass déi esou genannten Demokratien de facto ganz anescht funktionéieren.

 

Et ass utopesch ze gleewen, dass mir an enger Demokratie liewen, well mir net kënnen sécher sinn:

  1. dass deen sech zur Wal gestallte Politiker déi Moossnamen, déi e virun de Walen ugekënnegt huet, och wierklech no de Walen ëmsetze kann an/oder wëll

  2. dee Politiker aus net eegennëtzege Motiver wëll gewielt ginn, also fir vun all de Virdeeler ,déi e Volleksvertrieder huet, ze profitéieren

  3. dass d’Majoritéit vun de Bierger no de Walen nach Afloss dorop huet, wat d’Regierung bannent de 5 Joer vun enger Legislatur Period mécht

  4. dass di meescht-gewielte Leit an d’Regierung kommen

  5. dass de Wëlle vun der Majoritéit vun de Bierger ëmgesat gëtt, well kee Volleksvertrieder bei all Fro wësse kann, wat d’Majoritéit vun de Bierger wëll.

  6. dass de Volleksvertrieder just Gesetzer virschléit a stëmmt, déi am beschten Interesse vun der Majoritéit vun de Bierger sinn.

  7. dass Volleksvertrieder sech net fir finanzielle Bénéfice vu verschiddenen Instanzen iwwerzeege léisst, just deenen hir Interessen duerch ze setzen.

 

Wann sech d’Majoritéit vun de Volleksvertrieder am Parlament bei enger Fro eens ass, heescht dat nach laange net, dass och d’Majoritéit vum Rächt vun de Bierger där Meenung ass.

Déi meescht aktuell demokratesch Systemer si veraalt, a goufen ni dem aktuelle Stand vun der Technologie ugepasst. An der Vergaangenheet war de politesche Prozess wuel net anescht méiglech, wat awer haut anescht ass.

 

Den Internet, deen den 29. Oktober 1969 gebuer gouf, an de Fortschrëtt am IT-Beräich, ënner anerem Technologien ewéi d’Blockchain a portabel Computer, huet ons Politiker net dozou beweegt d’Verantwortung, a virun allem d’Muecht zeréck un de Bierger ze ginn, wat allerdéngs schonn eng gutt Zäit méiglech gewiescht wier.

 

De Mënsch ass am Allgemenge Muecht-gäil, an wann en se bis huet, kënnt d’Iwwerhieflechkeet an de Manktem u perséinlecher a Fro Stellung dobäi, an en deet sech schwéier, di Muecht déi en huet, erëm ofzeginn.

 

Wann engem dat alles aliicht, stellt sech engem eng kruzial Fro:

Wëll ech dat esou weider lafe loossen, oder wëll ech (och wann ech der Meenung sinn, dass ech aktuell just wéineg oder guer keng negativ Konsequenzen an deem System erleide muss) op en aneren, méi modernen an direkt-demokratesche System, wou ech erëm méi Afloss op politesch Entscheedunge kann hunn, iwwergoen?

 

Op déi Fro ginn et 2 kloer Äntwerten: Bleiwen oder iwwergoen.

 

Wat wieren d’Grënn fir um aktuelle System festzehalen?

  1. Mir geet et aktuell mat deem System gutt, an ech hu keng Angscht, dass dat sech wäert änneren.

  2. Ech hu mat Politik näischt um Hut, a wëll meng Zäit kënne mat Aktivitéite verbréngen, déi mir Spaass maachen.

  3. Ech si mat Aarbecht a Famill zäitlech ausgelaascht, an hunn also keng Zäit mech ëm Politik ze këmmeren

  4. Ech denken dass d’Majoritéit vun de Bierger ze domm ass, déi richteg Entscheedungen ze huelen. (ass richteg oder falsch relativ?)

 

 

Wat wiere Grënn fir op e moderne, direkt-demokratesche System iwwer ze goen?

  1. Ech hu gesinn wat ons Politiker am aktuelle System ugeriicht hunn, an hu grouss Angscht virun deem wat se nach wäerten uriichten.

  2. Eng kleng Zuel u Mënschen (Beruff s Politiker) ass méi liicht ze beaflossen ewéi e ganzt Vollek.

  3. Ech fannen den aktuelle System ondemokratesch, a si bereet erëm selwer Verantwortung ze iwwerhuelen, a mat ze entscheeden.

  4. Ech wëll dass just dat gemaach gëtt, wat d’Majoritéit vun de Bierger fir richteg hält, a woumat si d’Accord sinn.

  5. An engem méi modernen, direkt-demokratesche System, wann e global agefouert gëtt, ginn héchst wahrscheinlech keng Kricher méi gefouert, an als Konsequenz net méi esou vill Geld fir Krich s Material an Zerstéierung vun anere Länner ausginn.

 

 

Mir géifen ons iwwert e Feedback, Virschléi fir Verbesserungen an/oder Ergänzungen fir dësen Text vun ärer Säit freeën.

00:00 / 00:15

Deelt ons mat wat dir heiriwwer denkt. Keng Freschheeten oder Beleidegungen w.e.g.!

BfB Systemwiessel virgestalltBfB
00:00 / 23:52
bottom of page