top of page

Politik aktuell

De Staat bezillt

De Staat bezillt?

Loosse mir dat emol analyséieren:

De Lëtzebuerger Wieler wielt Lëtzebuerger Bierger an d’Chamber, déi si do representéieren dierfen/sollen/sollten. 60 dovunner setzen da just an der Chamber, an (haut) 17, och alt emol Leit déi ne op enger Wieler Lëscht waren, bekleeden d’Amt vun Minister. Déi 17 Leit, plus hir Unhänger an der Chamber, entscheede wat am Land gemaach gëtt. Si entscheeden och woufir dem Steier Bezueler seng Steiergelder ausgi ginn.

E Beispill: D’Regierung entscheet dass all Mënsch sech géint iergend eng Krankheet muss impfe loossen, fir dass déi Krankheet ausgerot soll ginn. Fir de Bierger soll dës Impfung gratis sinn. Mon cul! De Staat bezilt, an zwar mam Geld dat en dem Bierger gestuel huet.

Wéi mécht de Staat dat?

  1. Impot sur le Revenu
    Jiddereen deen offiziell zu Lëtzebuerg schafft, kritt vum Staat en Deel vu senger Pai ewech geholl, fir de Staat ze finanzéieren.

  2. TVA
    Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg iergendeppes keeft, bezilt op de Präis, deen de Verkeefer freet, nach e gewësse Prozentsaz Steieren un de Staat.

  3. Avertissements taxés
    Falsch geparkt, ze schnell gefuer, oder iergend een anere Verstouss géint de Code de la route? Zack, eng Strof a Form vun enger finanzieller Ofgab. Bezills de net, këns de op d’Gericht, an da geet de System säi Wee, bis du am Extremfall d’Sue geholl kris, oder si bei dech heem kommen, an dir do Sache klauen a verkafen, fir deng soit-disant Schold ze begläichen.

  4. Du wëlls ausserhalb vun der EU reesen? Da muss du e Pass hunn. Dat hunn d’Regierunge weltwäit esou fir ons entscheet. Dee Pass kriss du vum Staat. Awer net gratis oder vun denge Steiere bezuelt, nee, du muss dee Pass bezuelen. Fir ee Pass dee 5 Joer gutt ass, muss du 50€ bezuelen. Wann et ganz schnell muss goen, sinn et souguer 150€!

  5. Du keefs en Haus, Appartement, Studio oder eng Garage? Da muss du dem Staat och eppes bezuelen. En plus muss du der Gemeng, an där déi Immobilie, déi s du scho bezuelt hues, all Joer Impôt foncier bezuelen. Verweigers du dat, geet de System säi Wee!

  6. Du hues en Hond? Da muss du deen umellen, a fir de Besëtz vun deem Hond Steier bezuelen.

  7. Du hues en Auto, Moto oder soss e motoriséiert Gefier? Da muss du dem Staat dofir Steiere bezuelen.

  8. An esou weider, an esou weider!

 

An da kënnt nach de Clou:

De Staat mécht an dengem Numm Scholde bei private Banken!

Wien bezilt déi Scholden, plus d’Zënsen?

Du, an zwar mat all deene Steier Gelder déi se dir klauen.

Gëss du gefrot fir wat de Staat déi Suen ausginn? NEE!

 

Liewe mir an enger echter Demokratie?

Déi Fro kanns du dir elo selwer beäntweren.

bottom of page