Bierger fir Bierger

NEWS

De 17. August Juni 2020...

......hu mir der Regierung ee Bréif geschéckt.

Äntweren si net, ass kloer dass si d'Vollek ignoréieren.

De 20. Juni 2020...

...hate mir onse 4te Spadséiergang duerch d'Stad Lëtzebuerg, fir der Regierung ze weisen, dass mir net méi mat hirer Politik averstane sinn, an net méi gewëllt sinn ons Rechter a Fräiheete beschnidden ze kréien. Och hu mir hinnen domat gewisen, dass all Mesuren a Relatioun mat sars-cov-2 direkt mussen annuléiert ginn. Schliisslech hunn sech méi ewéi genuch onofhängeg Medezinner zu där ganzer Thematik geäussert, a bestätegt, dass all Moossname vill ze spéit komm sinn, an d'Geféierlechkeet net méi grouss war/ass ewéi bei enger ganz normaler Gripp. Zousätzlech ware mir spadséiere fir géint de projet de loi #216227 ze protestéieren, dee fir eng fräi a selwer bestëmmte Gesellschaft absolut onzoumuttbar ass. Zu gudder läscht hu mir der Regierung mat deem Spadséiergang och gewisen, dass mir hiren direkte Récktrëtt, an d’Astelle vun allen Aktivitéiten, déi net essentiell sinn, an d’Organiséiere vun Neiwale fuerderen.

Um Enn vun dësem Spadséiergang hunn ë puer Leit eng Ried op der Place d'Armes gehalen. Dozou ass Folgendes ze soen:

Ausser dem Här Christian Isekin, ass kee vun de Riedner vun dem Dag op direktem Wee Bierger fir Bierger zougehéiereg. All eenzele Riedner war fir seng Ried selwer verantwortlech, an huet a sengem eegenen Numm, oder am Numm vun senger eegener Organisatioun oder Partei geschwat. Och wa Bierger fir Bierger Organisateur vun dem Evenement war, distanzéiere mir ons vun allem Gesoten, wat géint d'Basis-Philosophie vu BfB geet.

Mir distanzéieren ons kategoresch vum Här Peter Freitag, a vum Här Steve Melmer. Den Här Melmer ass bekanntlech, an eegenen Aussoen no, géint direkt Demokratie, an wéi et schéngt och géint Demokratie am Allgemengen.

Aus deem Grond wäert BfB och net méi mat deenen 2 Mënschen zesummeschaffen.

De 14. Juni 2020...

...hu mir ee Virtuelle Protest géint dem Bill Gates seng Impf-Philosophie, a géint eng Impf-Pflicht, respektiv géint en Impf-Zwang gestart. https://www.facebook.com/events/3086300841427355/ Dëse Protest leeft bis de 27te Juni 2020.


Mir als Bierger vu Lëtzebuerg wëlle mat dëser virtueller Demo, am Kontext vun der Corona Pandemie op d’Lasstrëppele vun engem regelrechte Wettlaf ëm d’Sichen a Fabrizéieren vun engem Impfstoff géint den sars-cov-2 opmierksam maachen. Bestëmmt kennt jiddereen den Här Bill Gates, de Grënner vu Microsoft.

Den Här Gates ass e Mann, dee mat Microsoft esou räich ginn ass, dass en elo als (soi-disant) Wueltäter duerch d’Welt reest, a seng Zäit a vill Suen fir, anscheinend, karitativ Zwecker asetzt. Obwuel hien jo keen Dokter oder Mediziner ass, huet hien groussen Intérêt dorunner, fir d’Welt mat sengen Impf-Programmen an Impf-Stoffen ze beglécken.

Mat där aktueller Corona-Kris huet hien sech erëm ganz staark engagéiert, andeem hien nët nëmmen der WHO, mee och iwwert seng Organisatioun GAVI, all Pharma-Konzerner, an déi hien Suen investéiert huet, opgeruff, esou schnell ewéi méiglech en Impfstoff – bis Enn des Joer s, oder awer spéitstens bis Ufanks nächst Joer – ze entwéckelen, ouni Récksiicht op eventuell Geforen, déi ee wéineg getesten Impfstoff mat sech bréngt.

Dës Weidere wëll hien awer nët fir eventuell Schied, déi duerch deen Impfstoff kéinten ausgeléist ginn, haftbar gemaach ginn. Schied ewéi schwéier an eescht Niewewierkungen bis zum Doudesfall, wéi dat scho bei aneren Impf-Programmer vum Här Gates passéiert ass. Hien wëll dass d’Regierungen, déi him säin Impfstoff géingen asetzen, eng Klausel an de Verkafskontrakt setzen, déi hien vun aller Verantwortung entbënnt, an him domat juristesch Immunitéit géif sécheren.

Dovun ofgesinn dass den Här Gates ee ganz wäit verbreet Netz vun Organisatiounen mat sengen Fongen ënnerstëtzt, an déi als Konsequenz nët als onofhängeg unzegesi sinn, huet dem Här Gates seng Approche nach en zweeten Hoken:

⁃ Hien insistéiert dorop dass onst Liewen just da kéint an d‘Normalitéit zeréck fanne, wann all 7,7 Milliarde Mënschen op der Welt seng Impfung hätten. Hien huet selwer gesot, dass de Risiko besteet, dass duerch säin Impf-Stoff 700,000 Leit kéinten stierwen, mee dat wier d’Saach wäert. Dass deen Impf-Stoff nët nëmmen geféierlech wier, well ë vill ze fréi op de Maart kéim, ouni seng virgesinnen Zäit laang getest ginn ze sinn, ass eng Saach, mee dass mir als Bierger solle gezwongen ginn, ons mat eben engem net genuch getesten Impfstoff – och wann en NËT vun engem vum Gates senge finanzéierte Pharma-Konzerner hiergestallt gëtt – ons selwer engem grousse Risiko sollen aussetzen, geet absolut géint onst Recht op kierperlech Souveränitéit an Eege-Bestëmmung. Ee Recht dat mir nët nëmmen als Grondrecht verstinn, mee och afuerderen. Mier hunn dat Recht ons dann impfen ze loosse, wa mir et fir richteg an ubruecht halen.

Ons dozou ze forcéieren, verstéisst géint ons kierperlech Souveränitéit (Recht auf körperliche Unversehrtheit). Vu dass di ganz Course ëm een Impfstoff elo voll amgaangen ass, a mir eis bewosst sinn dass dem Här Gates seng Spenden esou zimlech all Décisiounen potenziell beaflossen, déi d'Regierungen, Medien, Dokteren, Universitéiten, Spideeler an Laboratoiren huelen, an hien sech mat senge Sue Muecht duerch (Mat-)Bestëmmungsrecht erkeeft, fir séng Visioun virunzebréngen, fannen mir et wichteg, d’Leit nët nëmmen iwwert dem Här Gates seng Absichten ze informéieren, mee och op di reell Gefor opmierksam ze maachen, datt duerch seng Initiativ och en, zumindest impliziten, Impf-Zwang kéint hei zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Mier wëlle mat dësem Virtuellen Protest op déi Gefor, an eng eventuell Verletzung vun onse Rechter opmierksam maachen, an d’Leit sensibiliséieren.

Mir wëllen ons am Fall wou, ons d'Recht virbehalen, dem Här Gates säin Impfstoff, oder iergend een aneren Impfstoff ouni Konditiounen oder Konsequenzen ze refuséieren, an ons kierperlech Souveränitéit ze verdeedegen.

Onsen Androck vum Bill Gates (an senger Bill & Melinda Gates Stëftung) sengen Investissementer, a senger (soi-disant) wueltäteger Aarbecht:

-Privat Fongen & Fonge vun der Stëftung ginn a Projetë gestach, déi (soi-disant) eng besser Gesondheet fir d'Welt-Bevëlkerung zum Ziel (sollen) hunn

-Et ginn Impfungen vu Pharma-Konzerner, wou de Bill Gates och dru verdéngt, hiergestallt

-Di Impfunge ginn da vu Staaten an/oder aneren Institutiounen kaf, woumat fir d'Pharma-Konzerner Profit entsteet, an ë bestëmmten Deel vun deem Profit erëm beim Bill Gates landen

-Gréisstendeels kommen di Suen aus den Täsche vum normale Bierger, well et sech ëm Steiergelder oder Krankekeese Gelder handelt.


Links fir ons Aussoen ze ënnermaueren:
-----------------------------------------------------
How is the World Health Organization funded?
https://www.weforum.org/agenda/2020/04/who-funds-world-health-organization-un-coronavirus-pandemic-covid-trump/
-
The Gates Foundation has given nearly $10 billion to these four organizations
https://qz.com/1526049/the-gates-foundation-has-given-nearly-10-billion-to-these-four-organizations/
-
Bill Gates: Länder sollen Geld für Impfstoff-Entwicklung geben
https://www.handelsblatt.com/politik/international/coronakrise-bill-gates-laender-sollen-geld-fuer-impfstoff-entwicklung-geben/25735552.html
-
Bill Gates über Corona-Impfstoff
https://youtu.be/083VjebhzgI
-
Der heimliche WHO-Chef
https://www.zeit.de/wissen/gesundheit/2017-03/who-unabhaengigkeit-bill-gates-film

Dir sidd allerdéngs selwer an der Verantwortung weider Recherchen iwwert de Bill Gates, WHO, Impfungen a co ze maachen.
Andeem dir un dëser Veranstaltung deel huelt (virtuell hei op FB), weist dir iech solidaresch mat deem hei gesoten.
Mir hunn och de Kommentar-Beräich fir jidderee fräi ginn, sou dass dir iech äussere kënnt.

De 7. Juni 2020...

...hu mir onsen drëtte Spadséiergang duerch d'Stad Lëtzebuerg duerchgefouert, fir der Regierung ze weisen, dass mir net méi mat hirer Politik averstane sinn, an net méi gewëllt sinn ons Rechter beschnidden ze kréien. Och hu mir hinnen domat gewisen, dass mir den état de crise net méi acceptéieren, an dee mat direkter Wierkung soll bëendégt ginn, genau wéi all Mesuren a Relatioun mat sars-cov-2. Schliisslech hunn sech méi ewéi genuch onofhängeg

Medezinner zu där ganzer Thematik geäussert, a bestätegt, dass all Moossname vill ze spéit komm sinn, an d'Geféierlechkeet net méi grouss war ewéi bei enger ganz normaler Gripp. Zousätzlech si mir spadséiere gaang fir géint de projet de loi #216227 ze protestéieren, dee fir eng fräi a selwer bestëmmte Gesellschaft absolut onzumutbar ass. Zu gudder läscht wollte mir der Regierung mat deem Spadséiergang och weisen, dass mir hiren direkte Récktrëtt, an d’Astelle vun allen Aktivitéiten, déi net essentiell sinn, an d’Organiséiere vun Neiwale fuerderen. Eng kleng B-moll op dësem Spadséiergang war d'Presenz vu 4 Leit, déi onse Spadséiergang boxkottéiere wollten, andeem si mat Megaphonen Diffamatiounen iwwert de ganze Grupp vun sech ginn hunn, wat fir déijéineg Leit och nach Konsequenze wäert hunn.

De 31 Mee 2020...

...hu mir onsen zweete Spadséiergang an der Stad Lëtzebuerg duerchgefouert, fir der Regierung ze weisen, dass mir net méi mat hirer Politik averstane sinn, an net méi gewëllt sinn ons Rechter beschnidden ze kréien. Och hu mir hinne domat gewisen, dass mir den état de crise net méi acceptéieren, an dee mat direkter Wierkung soll bëendégt ginn, genau wéi all Mesuren a Relatioun mat

sars-cov-19. Zu gudder läscht hu mir der Regierung mat deem Spadséiergang och gewisen, dass mir hiren direkte Récktrëtt, an d’Astelle vun allen Aktivitéite déi net essentiell sinn, an d’Organiséiere vun Neiwale fuerderen. 

De 24 Mee 2020...

...hu mir onsen éischte Spadséiergang an der Stad Lëtzebuerg duerchgefouert, fir der Regierung ze weisen, dass mir net méi mat hirer Politik averstane sinn, an net méi gewëllt sinn ons Rechter beschnidden ze kréien. Och hu mir hinne domat gewisen, dass mir den état de crise net méi acceptéieren, an dee mat direkter Wierkung soll bëendégt ginn, genau wéi all Mesuren a Relatioun mat sars-cov-19. Zu gudder läscht hu mir der Regierung mat deem Spadséiergang och gewisen, dass mir hiren direkte Récktrëtt, an d’Astelle vun allen Aktivitéite déi net essentiell sinn, an d’Organiséiere vun Neiwale fuerderen. Et war en onerwaarten Erfolleg, an dat huet ons ausseruerdentlech gefreet, wat ons dozou gefouert huet nach weider Spadséiergäng ze organiséieren.

Den 01. Abrël 2020...

...hu mie ee Message un d'Politik zu Lëtzebuerg geschéckt:

Un all Deputéierten an der Chambre des députés zu Lëtzebuerg,

Un all Minister vun der Lëtzebuerger Regierung,


Ech fuerderen iech heimat op, all Mesuren am Zesummenhang mat covid-19, déi de Bierger zu Lëtzebuerg hir konstitutionell geséchert Fräiheeten aschränken, ouni zäitlech Latenz opzehiewen, respektiv ze annuléieren. Och fuerderen ech, dass all eenzeler Persoun, an all eenzelem klengen an/oder mëttelstännege Betrib, deenen ënnert deene vun iech operluechte Mesure finanziellen oder moralesche Schued entstanen ass, schnellst méiglech ze entschiedegen. Dës Weidere fuerderen ech all Minister an all Deputéierten, deen dës Mesuren ënnerstëtzt huet, op, mat direkter Wierkung hire Posten nidder ze leeën, an ni méi fir ee politescht Amt zu Lëtzebuerg ze kandidéieren, oder e politescht Amt op anere Weeër ze iwwerhuelen. All di aner Aktiv Politiker solle w.e.g. eng temporär Iwwergang s Regierung bilden, an ee Referendum op den Instanzewee bréngen, deen zum Ziel huet erauszefannen, ob dat Lëtzebuerger Vollek zu engem direkt-demokratesche politesche System iwwergoe wëll.

Grond fir dës Fuerderung:

Et gëtt eng gewëssen Zuel u Mënschen, déi besser informéiert sinn ewéi dir, a ganz genau wëssen, dass de covid-19 ee banale Grippe-Virus mat Longen-Erkrankung ass, an dat och iwwert ëffentlech zougänglech Plattforme propagéiert hunn, wat dir ignoréiert hutt. Dir sidd weder kompetent genuch, nach hutt dir dat néidegt moralescht Gefill fir Verantwortung géigeniwwer dem Vollek vum Lëtzebuerger Land, fir déi Posten, déi dir de Moment bekleet, weider ze bekleeden.

Är Mesuren hunn onser Wiertschaft, onser eelster Generatioun an onse sou wéi sou scho psychesch kranke Bierger am Meeschte geschuet.

Et gouf vun iech, a vu verschiddene Medienhaiser zu Lëtzebuerg (bewosst oder onbewosst) Desinformatioun bedriwwen, wat vill Bierger dozou beweegt huet, ären Dogma vun engem héich geféierleche Virus, deen di ganz Mënschheet kéint ausrotten, ze iwwerhuelen, wat zu geféierleche Spannungen tëscht de Bierger gefouert huet.

 

Ech bieden ëm eng schnellst méiglech Reaktioun ärerseits, dat heescht, mir op christian.isekin@gmail.com är Äntwert ze schécken.

©2020 by Christian Isekin.

FB logo.png
Telegram Logo.png