top of page

Facebook

Bierger fir Bierger ass jo schonn eng gutt Zäit just nach limitéiert op Facebook aktiv, well mir géint deen diktatoresche System vu Facebook sinn.

Och ass et fir ons absolut evident, dass vill Informatioune radikal ënnerdréckt ginn, wat dozou féiert, dass wichteg Informatiounen hire Wee net bei di grouss Mass op Facebook fannen.

Och mir sinn elo erëm zenséiert ginn:

De 5.8.2021 kruten mir ee Screenshot vun engem Komentar op ee Post op der Facebook Säit vun der demokratescher Partei zougespillt. Selwer hätte mir dat ni gesinn, well mir esou Parteie mat offensichtlech diktatoreschen Tendenzen net verfollegen.

Hei de Screenshot:

Jean-Bernard Losch (1).jpg

Aus Grënn vum Schutz vun der Privatsphär & Dateschutz hu mir verschidde Saachen hei elo ausgeblent.

Mir haten de Screenshot de selwechten Dag op onser FB-Säit mat folgendem Text publizéiert:

Dee XXXXXX (den Numm gouf op FB & op Telegram genannt) ass wuel mat enger Zäitmaschinn aus NAZI-Kreesser aus de 40er Joren direkt op Facebook transportéiert ginn!
Boah! Wéi kann een esou krank am Kapp sinn, an dat net selwer mierken?

Kuerz nodeem mir dee Post op Facebook gemaach haten, huet den Här ons ee Message gemaach:

Jean-Bernard Losch (2).png

Fir ee gerecht Verhale vun onser Säit ze garantéieren, a well een an engem perséinleche Gespréich besser erausfille kann, ob de Géigeniwwer éierlech ass, hu mir den Här gebieden ons unzeruffen, wat hien dunn och iwwert Facebook gemaach huet.

Dat Gespréich huet wéinstens eng hallef Stonn gedauert, an den Här huet ëmmer erëm verséchert, dass säi Kommentar just eng Provokatioun sollt sinn, also ironesch gemengt war, an hien dat net wierklech denkt wat hien geschriwwen huet.

De Mann hat ons iwwerzeegt, mee fir ons Kredibilitéit ze schützen, hu mir de Post op onser FB-Säit stoe gelooss. De Mann hat ons gebieden de Post ze läschen. Allerdéngs hu mir iwwert de schrëftleche Message un ons, genau wéi iwwert d'Telefonat am Post informéiert.

Den Dag dono hu mir musse feststellen, dass Facebook ons Post geläscht huet, an den Admin vun der Säit fir 3 Deeg gespaart huet.

Natierlech war den Text vum Mann dat, wat een haut zu Daags als Haassriede bezeechent. Allerdéngs ass de Screenshot, deen sech ganz vill Leit erofgelueden hunn, bei anere Leit net geläscht ginn, an och hiren FB-Kont gouf net ageschränkt. Dat wërft Froen op, oder?

Sécher ass awer Eent:

Sou laang Facebook an där doten Aart a Weis gefouert gëtt, wäerte mir déi Plattform esou wéineg ewéi nëmme méiglech notzen.

Nodeem mir ons bei Facebook beschwéiert hunn, gouf de Post allerdéngs erëm online gesat. Dat weist, dass sech ze beschwéieren awer heiansdo hëlleft.

bottom of page